Bekannt aus "Beverly Hills 90210"David Gail am Alter vun 58 Joer gestuerwen
RTL Lëtzebuerg
Wéi seng Schwester an engem Post op Instagram confirméiert huet, ass den US-amerikanesche Schauspiller David Gail gestuerwen.
Update: 22.01.2024 16:27
Den 58 Joer ale Gail war engem gréissere Public ënner anerem duerch d’Serie Beverly Hills 90210 bekannt, an där hien an der 4. Staffel dem Shannon Doherty säi Partner gespillt huet. Eng Doudesursaach gëtt am Post net genannt.