Grammy AwardsD'Beyoncé stellt mam 28. Grammy en neie Rekord op

RTL Lëtzebuerg
An engem Mix aus Live-Optrëtter a Video-Schaltungen waren an der Nuecht op e Méindeg zu Los Angeles d'Grammy Awards.

D’US RnB-Sängerin H.E.R. gouf fir hiren Anti-Rassismus-Titel „I can’t breath“ mam Song of the year priméiert.

De Grammy fir de beschten Album goung un d’Taylor Swift fir “Folklore”.

De Record of the year goung un d’Billie Eilish fir “Everything I wanted”.

D’Beyoncé huet iwwerdeems en neie Rekord opgestallt. Si krut eng Auszeechnung fir de beschte Musek-Video (Brown Skin Girl). Dat war Grammy Nummer 28 an hirer Carrière, sou vill, wéi nach keng Fra jeemools virdrun.

Back to Top
CIM LOGO