"Girl from Ipanema"D'Bossa-Nova-Sängerin Astrud Gilberto ass dout
RTL Lëtzebuerg
Hiert Lidd "The Girl from Ipanema" huet 1963 a bis haut déi brasilianesch Kultur definéiert. D'Astrud Gilberto ass mat 83 Joer gestuerwen.
Update: 06.06.2023 16:48
Bestuet mam legendäre Museker João Gilberto huet si zu New York fir de Stan Getz an de Bossa-Nova-Star Antônio Carlos Jobim den ikonesche Song gesongen. Si huet duerno vun der Aura vun deem Lidd gelieft an um Jazz-Label Verve Solo-Albume rausginn.