
Den Arno war zënter 1986 als Solokënschtler aktiv.
Huet op franséisch, englesch an zum Deel och op flämesch gesong.
Bekannt gouf hien virun allem mat den Lidder “Les yeux de ma mère” oder “Oh la la la”
Wéinst senger rauer Stëmm a senger musikalescher Richtung gouf en och “de belschen Tom Waits” genannt.
2019 war beim Sänger Pankreas-Kriibs diagnostizéiert ginn. Bis zum Schluss ass hien senger grousser Passioun, der Musek, trei bliwwen. Am Februar stoung en nach op der Bün an hien huet un engem neien Album geschafft, deen elo posthum eraus kënnt.