Fir d’Feierdeeg soll dëst Joer de Bouwechouer Pueri Cantores eise Grand–Duc bei sengem Discours begleeden, dat Ganzt gouf am Virfeld opgezeechent. Mir ware Backstage bei der Produktioun mat der Kamera dobäi an hunn hinnen dobäi iwwert d’ Schëller gekuckt. Et war e groussen Dag, net nëmmen fir ons RTL-Ekipp, mee och fir 39 Jongen aus dem Chouer Pueri Cantores a 4 Museker.
Mir sinn am Palais, wou Haut d’Hymne vum Wilhelmus an eis Heemecht opgeholl ginn, wou een de Chouer sangen héiert, an natierlech och gesäit. Dëst soll herno den Discours vum Grand-Duc begleeden.
Et ass eppes Extraes fir d’Kanner, et ass een net all Dag am Palais, esou spiert een och eng gewëssen Opreegung an der Loft.
Richteg sange musse se haut net, den Toun ass jo schonn opgeholl. Haut heescht et just: gutt ausgesinn. Hiren Dirigent Pierre Nimax weess awer och, dass et net hir éischt Bünenerfarung ass, an dass se dofir och wëssen, wéi se sech ze behuelen hunn. Dobäi kennt , dass jiddereen d’nämmlecht ugedoen ass, an dass e sech muss riicht halen. Hire Stëmme-Coach d’Marie-Reine Nimax huet se virgewarnt.
Allem an allem huet alles geklappt, jidderee war zefridden. Et war einfach en eemolegen Dag op enger Plaz, un déi sech muncher een nach laang wäert erënneren.