
US-Medie mellen, dass de Carl Weather am Alter vu 76 Joer gestuerwen ass, a beruffe sech op Aussoe vun der Famill. E wier friddlech am Schlof gestuerwen.
Nieft senger Roll am Rocky-Film, huet en och am Film Predator vun 1987 matgespillt, a fir seng Roll an “The Mandalorian” krut en souguer en Emmy.
Alles an allem huet de Weathers an iwwer 75 Filmer oder Serië matgespillt, dat iwwer 5 Joerzéngten.
Viru senger Zäit als Schauspiller war hie Linebacker an der NFL.