1955 gouf dëse prestigiéise Concours vun zwee Hollännesche Fotographen an d’Liewe geruff. D’Situatioun fir Fraen am Iran, de Krich an der Ukrain oder d’Klimakrise ginn an der Ausstellung ouni Ëmweeër thematiséiert. Fir d’Direktesch vun der Abtei Neimënster, Ainhoa Achutegui ass dës Approche zum Optrag vun ëffentlechen Kulturinstitutiounen.
Un hoffnungsvolle Geschichte feelt et bei allem Pragmatismus awer net. Dorënner déi, datt mir alleguerte matwierke kënnen, fir datt an der nächster Ausstellung méi laachend Gesichter ze gesi sinn.