Berüümt awer ëmstriddenDe Country-Sänger Toby Keith ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Hie war ee vun de bekanntsten amerikanesche Country-Sänger vun der jonker Vergaangenheet.
© ERIKA GOLDRING / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Den Toby Keith ass an der Nuecht op en Dënschdeg mat 62 Joer u Kriibs gestuerwen. Dat huet seng Famill iwwer dem Sänger säin Account op X matgedeelt.

De Sänger war an den USA net onëmstridden. Wärend hie vum konservative Spektrum fir seng patriotesch Texter gefeiert gouf, hu seng Kritiker him reprochéiert, chauvinistesch an nationalistesch ze sinn.

De Keith war am Januar 2017 am Kader vum Donald Trump senger Vereedegung als US-President opgetrueden.

Back to Top
CIM LOGO