
Dat deele souwuel déi fréier Schauspiller-Kolleege vum “Fabrizio” wéi och de Sender RTL mat. “Mat groussem Entsetzen hu mir vum Doud vun engem laangjärege Komerod Alfio De Benedictis gewuer ginn”, heescht et an engem gemeinsamen Instagram-Post vun “Berlin - Tag & Nacht” an der Produktiounsfirma Filmpool Entertainment. De geneeën Alter vum Acteur ass net gewosst, hie soll ëm déi 50 Joer gewiescht sinn.
Den Alfio, dee mat biergerlechem Numm eigentlech Fernando Dela Vega geheescht huet, géing de Mënsche virun allem “duerch seng gutt Laun an häerzlech Aart a Weis am Gediechtnes” bleiwen. De Schauspiller huet an der RTL-Serie “Berlin - Tag & Nacht” vun 2011 bis 2017 den italieenesche Macho a Mecanicien Fabrizio Di Marco verkierpert. 2020 gouf et dunn e Comeback vum Italiener.
Zu der Doudesursaach vum Acteur goufe keng Detailer genannt. An hirem Instagram-Post deit seng Schauspill-Kolleegin Pia Tillmann un, datt den Alfio wuel scho méi laang häerzkrank war. Ënnert der Foto schreift d’Schauspillerin “Ech si schockéiert an traureg, trotzdeem war et eng Fro vun der Zäit, datt dës Info kënnt. Och wann däin Häerz grouss war, huet et schonn zu eisen Ufankszäite bei ‘BTN’ net ëmmer ouni Problemer funktionéiert.”