Offiziell OuvertureDe Filmfestival Cannes huet ugefaangen - vill Stare ware mat dobäi

RTL Lëtzebuerg
De Glamour ass zréck un der Croisette: Vill Hollywood-Staren hate sech en Dënschdeg Rendez-vous zu Cannes gi fir d'Ouverture vun de 74. Filmfestspiller.
De Pedro Almodóvar, d'Jodie Foster, de Bon Joon-Ho an Spike Lee
De Pedro Almodóvar, d’Jodie Foster, de Bon Joon-Ho an Spike Lee
© AFP/CHRISTOPHE SIMON

Nieft dem Jury-President Spike Lee waren de spuenesche Starregisseur Pedro Almodóvar, d’Schauspillerin Jodie Foster an de Regisseur Bong Joon, deen 2019 d’Gëlle Palm fir säi Film “Parasite” krut, do.

D’Jodie Foster huet dann och d’Éierepalm iwwerreecht kritt. An hirer Ried huet si un “d’Suergen an Douedesängscht”, mat deenen der vill wärend der Coronapandemie konfrontéiert waren, erënnert. “An hei si mir erëm, no engem Joer, dat wéi keen anert war, nees an eise wonnerschéine Kleeder”, sot d’Schauspillerin. “Hutt dir de Glamour vermësst? Ech hunn e vermësst”.

24 Filmer konkurréieren dëst Joer an der Course ëm déi Gëlle Palm. Do steet jo och Lëtzebuerg op der Affiche.

07/07/2021 Cannes 2021- De Reportage vum Radio

Den Joy Hoffmann geet a sengem Blog méi genee op de Filmfestival vu Cannes an.

Blog 1 vum Joy Hoffmann
Blog 2 vum Joy Hoffmann
RTL-Artikel: Samsa-Koproduktioun a Vicky Krieps an der Competitioun fir d’Palme d’Or

Back to Top
CIM LOGO