En Donneschdeg de Moien hunn d'Organisateuren zu Cannes déi offiziell Selektioun presentéiert. An do steet och Lëtzebuerg op der Affiche.

Déi belsch-franséisch-lëtzebuergesch Koproduktioun "Les intranquilles" vum belsche Realisateur Joachim Lafosse, déi vu Samsa Film matproduzéiert gouf, leeft an der offizieller Kategorie fir d’Palme d’Or. Vill lëtzebuergesch Acteuren sinn an dësem Film, deen zum Deel zu Lëtzebuerg gedréit gouf, ze gesinn. Am Mëttelpunkt steet d'Koppel Leïla an Damien. Obwuel den Damien bipolar ass, probéiert hien, säi Liewe mam Leïla weiderzeféieren, obwuel hie weess, dass hien him vläicht ni dat ka ginn, wat hatt erwaart.

RTL

D'Vicky Krieps ass zu Cannes an 2 Produktiounen ze gesinn / © APF Archiv

Donieft ass och déi Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps um Filmfestival op der Côte d'Azur ze gesinn, dëst direkt an zwou Produktiounen: am Film "Bergman Island" vum Mia Hansen-Løvemat, deen an d'Course ëm d'Gëlle Palm geet, an "Serre-moi fort" vum Mathieu Almaric, deen an der Spezial-Selektioun "Cannes Premières" gewise gëtt.

De Lëtzebuerger Film Fund ass iwwerdeems no 1 Joer Paus dann och erëm mat engem Pavillon um Internationale Filmmarché vertrueden, fir nei Kontakter ze knäppen a Promotioun fir Lëtzebuerg als Produktiounsland ze maachen. Duerch d’Pandemie ass de Festival dëst Joer am Juli.

Prominent Auswiel

Eng grouss Auswiel u fréiere Palme d'Or-Gewënner gëtt sech dëst Joer zu Cannes um Filmfestival vum 6. bis de 17. Juli erwaart. Ënner de 24 Regisseuren, déi hir Filmer presentéieren, ass de Sean Penn mat "Flag Day", den Italieener Nanni Moretti (Gewënner vun 2001) mat "Tre Piani" an de Fransous Jacques Audiard (Gewënner 2015) mat "Les Oympiades". Weider grouss Filmer, déi scho virdrun ugekënnegt gi waren, sinn dem Wes Anderson säi "The French Dispatch", dem Paul Verhoeven säi "Benedetta" an dem Leos Carax säin "Annette".

Och de fréiere Palm-Gewënner, den Thailänner Apichatpong Weerasethakul kënnt op d'Croisette, déi Kéier mat sengem éischten engleschsproochege Film "Memoria", an deem d'Tilda Swinton d'Haaptroll spillt. Et ass och dem zweefachen Oscar-Gewënner Asghar Farhadi aus dem Iran säi Retour mat "A Hero".  De renomméierte russesche Regisseur Kirill Serebrennikov ass mat "Petrov's Flu" an der Competitioun.

D'Jury gëtt vum US-Regisseur Spike Lee geleet, dee schonn 2020 d'Presidence hätt sollen iwwerhuelen, ier de Festival du wéinst der Pandemie hat missen ofgesot ginn. Mat "Annette", dem éischte Film vum Leos Carax zanter engem Joerzéngt an och säin éischten an englescher Sprooch, gëtt de 74. Festival vu Cannes opgemaach. Den Adam Driver an d'Marion Cotillard sinn doran als Koppel ze gesinn.

En Hauch vun engem Skandal kéint iwwerdeems dem Paul Verhoeven säi "Benedetta" op der Croisette ausléisen. Dora geet et nämlech ëm eng lesbesch Nonn an engem italieenesche Klouschter am 17. Joerhonnert. De Realisateur huet och Filmer wéi "Basic Instinct", "Showgirls" an "Elle" realiséiert. Duerch dem Wes Anderson säin "The French Dispatch" kéinten nawell eng Rëtsch vu Staren um rouden Teppech ze erwaarde sinn, nieft dem Bill Murray an dem Adrien Brody och den Timothee Chalamet, de Benicio Del Toro an d'Lea Seydoux.

Hors compétition lafen och interessant Produktiounen, sou zum Beispill eng Dokumentatioun iwwer de Val Kilmer ("Val") an e Film iwwer d'Rockstaren aus den 1960er Joren, "The Velvet Underground" vum Todd Haynes. Den Oliver Stone presentéiert en Update vu sengem Klassiker aus den 1990er Joren iwwer d'Kennedy-Attentat ("Through the Looking Glass"), nodeems hien anscheinend an de Besëtz vun neien Dokumenter komm ass. D'Charlotte Gainsbourg wäert e Film iwwer hir Mamm Jane Birkin virstellen. An den Oscar-Gewënner Tom McCarthy ("Spotlight") weist säin neien Actionfilm mam Matt Damon, "Stillwater".

A Frankräich ass een iwwerdeems zouversiichtlech, datt d'Covid-Statistiken bis de Juli esou gutt sinn, dass d'Restriktioune fir den Evenement souwäit kënnen opgehuewe ginn.

Den offizielle Communiqué

Une coproduction luxembourgeoise en compétition dans la sélection officielle du 74e Festival de Cannes (03.06.2021)

Communiqué par: Fonds national de soutien à la production audiovisuelle Les intranquilles (The Restless) de Joachim Lafosse, une coproduction Samsa Film, est en compétition dans la sélection officielle du 74e Festival de Cannes.

Après une année d'absence, le Film Fund Luxembourg sera de retour à Cannes du 6 au 15 juillet 2021 avec son pavillon situé au village international à l'occasion du marché international du film. Il accueillera 14 sociétés et 3 entités sous cette ombrelle, parmi lesquelles des sociétés de production et des sociétés spécialisées dans la post-production, le son et les nouvelles technologies, ainsi que le programme de formation EAVE, le Luxembourg City Film Festival et le programme de soutien Europe Créative – Media.

La traditionnelle journée luxembourgeoise aura lieu le samedi 10 juillet 2021 en présence des professionnels de l'audiovisuel et de la presse dans le respect des règles sanitaires en vigueur.

Les intranquilles (The Restless) – long métrage de fiction – coproduction Belgique-Luxembourg-France

L'importante équipe luxembourgeoise qui a œuvré sur le tournage du film (dont la majeure partie a eu lieu au Luxembourg) est composée e.a. de Jules Waringo (rôle secondaire), Joël et Leo Delsaut, Elsa Rauchs, Colette Kieffer, Magaly Texeira, Larisa Faber, Luc Schiltz, Véronique Fauconnet, Raoul Schlechter, Fabio Godinho, Céline Camara, Philippe Meyrer (petits rôles); Brigitte Kerger-Santos (production exécutive), François Fabert (chef machiniste), François Dumont (monteur son), Vitalijus Kiselius (chef éclairagiste), Paul Maas (1er assistant monteur), Barbara Prati (accessoiriste), Christophe Vincent (régisseur général), Jil Robertson-Kibbey et Julie Pironet (régisseuses d'extérieurs), Elly Verduyckt (scripte) et Fabrizio Maltese (photographe de plateau). Toute la post-production son et post-synchronisation ont été réalisées au studio luxembourgeois Philophon.

Logline: Leïla et Damien s'aiment profondément. Malgré sa bipolarité, il tente de poursuivre sa vie avec elle sachant qu'il ne pourra peut-être jamais lui offrir ce qu'elle désire.