RIPDe franséische Filmregisseur Bertrand Tavernier ass dout

RTL Lëtzebuerg
Seng Fra a Kanner hunn an de sozialen Netzwierker matgedeelt, dass hien en Donneschdeg am Alter vun 79 Joer verscheet ass.
© AFP/Archives/FADEL SENNA

Nieft senger Tätegkeet als Regisseur a Schauspiller war hien och als Filmauteur aktiv. Wärend senger Karriär huet hien eng Partie Bicher zum Thema Kino erausbruecht. “L’horloger de Saint-Paul” war den éischte Spillfilm, deen hie produzéiert huet. Dëse gouf am Joer 1974 mat engem Sëlwer Bier ausgezeechent.

Säi gréissten Erfolleg war den Jazzfilm “Autour de minuit” (1986) mam Saxophonist Dexter Gordon an der Haaptroll. Donieft huet hie bei de Filmer “Coup de torchon”, “Un dimanche à la campagne”, “La vie et rien d’autre” a “L’appât” matgewierkt.

Nieft dem Sëlwer Bier an dem Gëllene Bier op der Berlinale huet den Tavernier eng Partie renomméiert Präisser ofgeraumt. Dorënner 4 Mol den César, de BAFTA Award an de Gëllene Léiw fir säi Liewenswierk (2015).

Back to Top
CIM LOGO