
De ronn 850 Joer alen Daachstull ass deemools agestierzt an och de spatzen Tuerm aus dem 19. Joerhonnert ass de Flamen zum Affer gefall.
Fir dass dësen Dag net a Vergiessenheet geréit, soll elo e Film iwwert d’Feier an der weltbekannter Kierch gedréit ginn. Eng Häerzensugeleeënheet fir de 77 Joer ale Fransous an Oscar-Gewënner Jean-Jacques Annaud. Hien huet ënnert anerem och bei Produktioune wéi “L’Ours”, “The Name of the Rose” oder “Sieben Jahre in Tibet” matgewierkt.
Jiddereen, deen e Video vum Ongléck gemaach hat, kann dësen op der Websäit notredamebrule.com eroplueden. Sollt et eng Sequenz an de Film packen, kritt deejéinegen eng finanziell Belounung dofir.
98% vun der ganzer Verfilmung sollen der Realitéit entspriechen, huet de Regisseur verroden. D’Wouerecht wier an dësem Fall nämlech “vill méi opulent a burlesque” wéi d’Fiktioun.