Mat Schauspill, Gesang, Orchester a Chouer gëtt d’Koméidisstéck an d’21. Joerhonnert projezéiert. E lëtzebuergescht Stéck, wou Traditioun op zäitgenëssesch Ënnerhalung trëfft.
«D’Mumm Séis oder De Geescht» ass 1855 uropgefouert ginn a gehéiert zu de bekanntsten an erfollegräichsten Operette vum Dicks. Am Groussen Theater heescht et dann «De Geescht oder D’Mumm Séiss» – eng nei Inzenéierung vum Jacques Schiltz. An dobäi kënnt och en neien Text vum Samuel Hamen.
«Eis Iddi war, datt mir net ze vill un den alen Text fréckele ginn. D’Leit, di fir den Theaterowend heihi kommen, sollen di al Mumm Séiss erliewen, esou wéi se geschriwwe gouf. Gläichzäiteg wollte mir awer och en neie Kader setzen. An doduerch datt et nei agerummt gëtt, gëtt de Contenu jo och en aneren.» (Samuel Hamen – Auteur)
An der Geschicht geet et ëm eng jonk Fra, di en Haus geierft huet an dat am léifsten direkt erëm wéilt weider verkafen an sech dowéinst un en Immobilienagent went.
«Soubal si dann dat Haus betrieden, fält hinnen op dat d’Haus guer net eidel ass, mee nach e Geescht dran ass. A fir de Geescht ze exorzéieren, musse si an d’Vergaangenheet reesen an do Objeten opdreiwen, fir domadder en Exorzismus ze maachen. An di Vergaangenheet, an déi si reesen, ass dem Dicks säi Stéck. Et ass d’Original «Mumm Séiss» mat den alen Texter a Lidder, genee esou wéi ee se kennt.» (Jacques Schiltz – metteur en scène)
Bis virun 30 Joer waren dem Dicks seng Stécker nach am feste Repertoire an de Lëtzebuerger Theateren.
«Mäi Papp war zum Beispill bei «Mumm Sweet Mumm» dobäi, deen ass 1989 erauskomm, 1 Joer nodeems ech op d’Welt komm sinn. An dofir kennen ech d’Mumm Séiss scho méi laang, och wann ech mech elo nach eng Kéier extra domat ausernee gesat hunn. Och dat dréint dann dozou bäi, datt et ganz perséinlech fir mech ass.» (Jacques Schiltz – metteur en scène)
Och wann dem Dicks seng Sprooch mëttlerweil 168 Joer um Bockel huet, ass se awer net verstëbst. Themen dogéint sinn deels veraalt.
«Dat meescht ass dem Public direkt kloer, datt verschidde Opfaassunge vun der Welt haut guer net méi esou funktionéieren. Mir hunn e bëssen d’Balance gesicht: De Leit Spaass ze offréieren an awer och op de richtege Plazen ze soen, kuckt emol wéi eng Zort vu Spaass dir grad hei hutt.» (Samuel Hamen – Auteur)
Traditioun a Modernitéit, Nostalgie an Ironie treffen am Groussen Theater mat der neier Inzenéierung vun der Mumm Séiss openeen an dat vum 17. bis den 23. Dezember.