
Hien zielt zu de Pionéier aus dem Lëtzebuerger Film.
De Georges Fautsch huet zesumme mat de Beruffskolleege Maisy Hausemer a Paul Scheuer tëscht de 60 an de 90er Joren divers Documentairen, Zeechentrickfillmer an och Spillfilmer realiséiert. Bekannt Wierker sinn zum Beispill “Congé fir e Mord”, “Mumm Sweet Mumm” oder “Dammentour”. De Georges Fautsch huet och am Dikrecher Lycée déi audiovisuell Optioun opgebaut.