
Roger Manderscheid, Anise Koltz, Guy Rewenig, Lambert Schlechter, Pierre Joris, Margret Steckel, den exklusive Krees vun de Batty Weber-Laureaten ass e Who's Who vun der Lëtzebuerger Literatur. Och den Nico Helminger, de Brudder vum Guy Helminger, gehéiert dozou.

En Dënschdeg den Owend gouf de Präis un de Guy Helminger iwwerreecht. De Schrëftsteller, deen 1963 zu Esch gebuer gouf, an zu Köln lieft, ass an alle literaresche Genren doheem. Ënner anerem fënnef Romaner an aacht Lyrik-Bänn stamen aus senger Fieder, mä hien huet sech och als Theaterauteur an Auteur vu Reesbicher en Numm gemaach. Dobäi zéckt hien net, fir och op déi Plazen ze reesen, déi en duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet. Fir "Die Lehmbauten des Lichts" ass hie beispillsweis an de Jemen gereest, "Die Allee der Zähne" ass op enger Rees an den Iran entstanen. Zu Rio de Janeiro huet hien aplaz vum weltberüümten Zockerhut, eng Favela besicht.
D'Kinniksdisziplin ass fir de Guy Helminger awer d'Poesie. A senge Gedichter schafft hien nach méi präzis wéi a senge Prosatexter, all Wuert muss genee passen, all Metapher funktionéieren. A senger Laudatio huet de Professer Christof Hamann dëst unhand vun Zitater aus dem aktuelle Gedichtband "Gebäude für Breitengrade" illustréiert.

Mä de Professer vun der Uni Köln huet och de Mënsch Guy Helminger mat senge ville verschiddene Facette gewierdegt. Fan vum 1. FC Köln, deen och emol Fueslidder matséngt, Literat a "Sprachkünstler" deen "den Augenblick in seinen Worten zu dehnen vermag". "Literarische Sprache ist Vielfalt", sou de Christof Hamann, an de Guy Helminger huet genee déi literaresch Bandbreet déi et him erlaabt, an alle Literatur-Genren dat geschriwwent Wuert zu sengem Handwierksgeschier ze maachen.
An der Begrënnung vum Jury, déi vun der Jury-Präsidentin Nathalie Jacoby virgelies gouf, heescht et: "Mit Guy Helminger zeichnet die Jury einen außergewöhnlich vielseitigen und vielschichtigen Autor aus, der den mannigfaltigen Erfahrungen menschlicher Existenz in stilistischer Breite Ausdruck verleiht und dabei nie das Vergnügen seiner Leser aus den Augen verliert." Och dat ass bezeechnend fir d'Wierk vum Guy Helminger: seng Bicher maache Spaass, och wa se eescht Theme behandelen. Oder wa souguer d'Realitéit e bëssen an d'Rutsche geréit, wéi zum Beispill am Erzielband "Das Geräusch der Stillleben".

Am Jury vum Batty Weber Präis 2026 waren: Lia Blum, Jérôme Jaminet, Claude Mangen, Jean Portante, Tonia Raus, Laurent Thiry, Nathalie Jacoby (Präsidentin).