Podpurri - Mir schwätze KulturDe Kënschtler Eric Mangen

Claudia Kollwelter
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Den Eric Mangen schafft net wéi gewinnt op Toillen, mee mat Affichen a Pousteren. Wat et domat op sech huet a wéi e genee virgeet huet hien dem Claudia Kollwelter a sengem Atelier erkläert. Donieft huet den Eric Mangen och iwwert Kënschtleresidenzen geschwat, seng Evolutioun als Kënschtler, seng Passioun fir d’Kachen an d’asiatesch Kichen:

“Millefeuilles” heescht d’Expo un där de Kënschtler aktuell schafft, an déi den 20. Oktober an der Valerius Gallery gewise gëtt.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO