
2017 ass de Prix de sculpture geschaf ginn, mat deem all 3 Joer d’Stad Esch, d’Galerie Schlassgoart an de Cercle Artistique CAL e Kënschtler auszeechnen. 2019 war de Bertrand Ney den éischte Laureat. Bei der zweeter Editioun geet de Präiss un de Pit Molling fir säi Wierk “The Elephant in the Room”. Eng Skulptur déi digital an iwwer de Wee vun engem 3 D-Printer entstanen ass.
Am Podpurri vun dëser Woch huet d’Christiane Kremer de Pit Molling an der Galerie Schlassgoart begéint an do ass rieds gaangen iwwer de Präiss, de Wee bei d’Konscht, de Reiz vum Digitalen, d’Material Plastik, NFTen an den Elefant am Raum.
De Prix de la sculpture 2022 geet u säi Wierk “An elephant in the room”
D’Wierker vum Pit Molling sinn nach bis de 5. November an der Galerie Schlassgoart ausgestallt. An do kann een och déi aner Wierker gesinn, déi eragereecht goufen.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
