
De Stephane Colling bréngt elo mat senger Band The Kid Colling Cartel e ganz néien Album eraus. 6 Joer huet e missen op dësen 2ten Album waarden, an de Museker erzielt iwwert seng musikalesch Aflëss an seng biografesch Songtexter.
De Jöel Seiller war sech zwou aktuell Expoen an de Centre Pompidou op Metz ukucken, an d’Sandy Elsen stellt di ganz néi Ausstellung iwwert de Joseph Kutter am MNAHA vir.