Japanese Breakfast, Billy Nomades an nach vill méiDe komplette Line-Up fir de Siren's Call 2023 steet fest

RTL Lëtzebuerg
De 24. Juni 2023 ass déi antëscht scho 5. Editioun vum Siren's Call Music & Culture Festival am Gronn an en Donneschdeg gouf de ganze Line-Up virgestallt.

Neimënster an den Atelier ënnersträichen, datt si hir Partnerschaft nach emol mat flotten Initiativen an nach méi Kënschtler hire kulturelle Spektrum nach emol erweideren an esou hir Zesummenaarbecht bekräftegen. Am Hibléck op Konscht- an Danzperformancen, bis hin zu Installatiounen an Expoen, hätt ee besonnesch vill Wäert drop geluecht, lokal Talenter unzezéien an hinnen eng Plattform ze bidden.

Gewosst war jo schonn, dass déi franséisch Band Phoenix ee vun den Headliner vun dëser Editioun vum Siren’s Call ass. Ma elo goufen dann och déi aner Bands an de Programm vun dësem Joer presentéiert. Als musikaleschen Héichgenoss ginn nach Japanese Breakfast, Billy Nomades, The Haunted Youth, Star Feminine Band, Sorry, Sprints an Echt! erwaart. Nieft den internationale Kënschtler wäerten als lokal Acts ENGLBRT an Tele-Port op der Bün stoen.

Wéi gewinnt gëtt et och nees e spezielle Programm fir Kanner a Workshoppen. Hongereg an duuschtreg wäert ee ganz sécher och net bleiwen an um Marché des créateurs wäerte sëllege lokal Produzenten an Designer vertruede sinn, wou si d’Méiglechkeet hunn, hir Kreatiounen de Spectateuren ze presentéieren an ze verkafen.

De Michel Welter vum Atelier seet zu dëser Editioun, dass d’Programmatioun bis ewell fir hie perséinlech déi Bescht wier. D’ganzt Joer géif ee Museker op d’Bün bréngen an dat hei wier hire “Bébé” an et hätt ee versicht dëst Joer eppes méi Renges ze proposéieren. Et hätt ee sech e “Pleséier” gemaach, Bands ze buchen, déi ee selwer gär hätt, selwer och scho gesinn hätt an immens gutt fonnt huet.

De Michel Welter am Interview

D’Diere ginn um 15 Auer fir de Festival op. De Präis pro Ticket läit bei 62 Euro a Kanner ënner 12 Joer si gratis.

Méi Informatioune fënnt een ënnert www.sirenscall.lu.

Back to Top
CIM LOGO