
E Mëttwoch de Moien huet den Atelier de komplette Line-Up vun de Museker, déi um Festival optrieden, bekannt ginn. Nieft den Headliner Peter Fox an Interpol an aneren internationalen Acts ewéi BLOND, Lime Garden oder och nach Triggerfinger, wäerten och eng ganz Partie Lëtzebuerger Museker zu Diddeleng op der Bün stoen, dorënner ënner anerem De Lab&Nicool, de Maale Gars, The Tame and The Wild a Cookie Jar Complot.
De Festival gëtt vum Atelelier opderSchmelz an dem Gudde Wëllen organiséiert.
