E Projet, dee wéinst der, a matten an der Pandemie entstanen ass, fir de Kënschtler eng Plattform ze bidden. Wärend engem Joer sinn hei ganz ënnerschiddlech Artiste virun der Kamera opgetrueden an hu sou jidderengem, dee wollt, e Stéck Kultur an d’Stuff geliwwert.
Matt iwwerraschenden an innovative Performancë wollt d’Kultur sou trotz Pandemie weiderliewen. An dat war natierlech fir vill Kënschtler och eng grouss Ëmstellung, fir net méi viru live Public opzetrieden. Lo ee Joer dono sinn d’Theateren, d’Muséeën an d’Concerts-Säll rëm op an dofir iwwerleet ee sech och elo, wéi een den KUK ka weiderentwéckelen.
Am Kader vun engem Joer KUK diffuséiert RTL Télé Lëtzebuerg um 13 Auer op Nationalfeierdag och nach emol eng Selektioun vu ganz ënnerschiddlechen Optrëtter aus engem Joer Kulturkanal. Dorënner och dee vun der Groussherzogin Maria Teresa, déi aus dem Klassiker Maus Ketti virliest.
Klickt hei, fir op d’Internetsäit vum Kulturkanal ze kommen.