De Louis Karmeyer ass doutDe laangjärege President vun der UGDA ass e Samschdeg am Alter vu 84 Joer verscheet

RTL Lëtzebuerg
Vun 2005 bis 2015 stoung de beléifte Museker un der Spëtzt vun der Union Grand-Duc Adolphe, déi Museken, Chorallen an Theater-Veräiner regroupéiert.
© RTL-Archiv

2016 war de Louis Karmeyer no enger mouvementéierter Zäit zum Éierepresident vun der UGDA genannt ginn - dat Joer hat d’aktuell Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez d’Leedung vun der UGDA iwwerholl.

De Louis Karmeyer hannerléisst 2 Jongen - hie war ënnert anerem och Éierepresident vun den Duelemer Ricciacus-Frënn.

Back to Top
CIM LOGO