
Zanter e Méindeg muss een, amplaz 17 Euro, 22 Euro an der Entrée vum weltwäit am meeschte besichte Musée bezuelen. D’Hausse war schonn am Dezember annoncéiert ginn, de Grond: déi méi héich Energiepräisser. Donieft soll um zweeten Owend méi laang op si wéi gewinnt. De Louvre verweist drop, dass d’lescht Joer ëmmerhi 40% vun alle Visiteure gratis eran duerften, zum Beispill Jonker ënner 25 Joer; Aarbechtsloser; Leit, déi Sozialhëllef kréien; Mënsche mat engem Handicap; Léierpersonal; Journalisten a Kulturschafend.
All Dag zielt de Louvre bis zu 30.000 Visiteuren, vun deenen der vill d’Mona Lisa vum Leonardo da Vinci wëlle gesinn. Dës Unzuel soll och wärend den Olympesche Spiller bäibehale ginn.
Et ass déi éischt Präishausse zanter siwe Joer. D’Schlass vu Versailles hat seng Entréespräisser schonn zum Joresufank gehéicht, vun 19,50 op 21 Euro.