Sold outDe Luxembourg Song Contest war um éischten Dag schonn ausverkaaft

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie gouf d'Vente lancéiert, e puer Stonne méi spéit war d'Liveshow vum Luxembourg Song Contest Enn Januar scho sold out.
© Steve Müller / RTL Archivbild

Déi éischt Ticketen, déi vergraff waren, ware d’Plazen, wou ee bei der Bün steet. Dono waren no an no och d’Sëtzplaze fort.

Wien nach keen Ticket huet, ka sech vun elo un um Site vun der Rockhal op eng Waardelëscht aschreiwen an dann heescht et Daume gedréckt halen.

Behaalt Är Aen an Oueren och an den nächste Wochen op! Op sämtlechen RTL-Plattforme souwéi op RTL Radio Lëtzebuerg an RTL Today Radio ginn et nach Ticketen ze gewannen.

68. Eurovision Song Contest: Alles wat ee wësse muss iwwert den ESC 2024 a Schweden

Back to Top
CIM LOGO