Ugefaange mam Luzac: Hien heescht mat richtegem Numm Lucas Zagdoudi an ass een 28 Joer ale Lëtzebuerger Sänger a Songwriter mat belschen an tuneeseschen Originnen. Hie beschreift sech selwer als musikalescht Chamäleon, well hie gären a ville verschiddene Museksrichtungen ënnerwee ass.
Esou och a sengem Lidd “Prison Dorée”, dat hien dëst Joer fir de Luxembourg Song Contest eragereecht huet, a mat deem hien och an der Finall steet. Schonn d’lescht Joer war hien ee vun de Finalisten.
Am Reportage treffe mir hien um Déifferdenger Chrëschtmaart, wou hien eis erzielt, wat hie motivéiert huet, nach eng Kéier matzemaachen, wat bei him zanter dem leschten LSC alles geschitt ass, a wat et mat senger Léift zu Chrëschtmäert op sech huet.

Donieft besiche mir d’Membere vun der eenzeger Band, déi dëst Joer an der Final steet: ShiroKuro. Si hu virun dräi Joer hir éischt EP rausbruecht a sinn eng Indie/Pop-Rock Band. Déi dräi maache scho bal hiert ganzt Liewe laang Musek.
Hiert Lidd fir de Luxembourg Song Contest, “Eye to Eye”, huet den Nathanaël Paulis am Kader vun engem Projet um Berklee College of Music geschriwwen. Den Nathanaël ass och de Sänger vum Trio a spillt elektresch Gei. De Louis Comblin spillt Gittar a Piano an de Matias Pollicino ass de Batteur vum Grupp.
Am Reportage huele si eis mat an hir Walheemecht Léck, weisen eis hir léifste Plazen an erzielen, wéi et dozou komm ass, dass ee belsche Grupp beim Luxembourg Song Contest matmécht.
