Éischt Editioun no 5 Joer PausDe Marionette-Festival zu Toodler

RTL Lëtzebuerg
Dëse gouf 2001 vun der Maskénada Asbl a vum Naturpark Öewersauer lancéiert a bis 2012 weidergefouert.
Marionette Festival
Vum 26. bis den 29.Mee sinn zu Toodler erëm d’Poppen ënnerwee.

Duerno hunn d’Rotondes zwou Editiounen organiséiert, éier si eng 5 Joer laang Paus ageluecht hunn. Elo huet d’Gemeng Esch-Sauer, zesumme mat der Asbl Esch(t)Kultur an der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, de Festival erëm an d’Liewe geruff.

Zil vum Marionette-Festival ass et, engersäits d’Kultur bei d’Leit ze bréngen, déi wäit vun deene Plazen ewech wunnen, wou normalerweis sou kulturell Evenementer sinn an anerersäits, der Marionette-Konscht eng méi grouss Plattform zu Lëtzebuerg ze ginn.
Dofir gouf en diversifiéierte Programm fir Grouss a Kleng op d’Been gestalt. An de Scheieren, Garagen a Gäert vun den Toodler Awunner fënnt een ënnerschiddleche Spektakelen, Atelieren, Stroossen-Animatiounen, Karusseller, Concerten an Objet-, Schiet- a Marionettentheateren.

© Valeria Wiwinius

De Marionette-Festival leeft nach bis den 29. Mee inclus an ass, vun elo un, erëm all zwee Joer virgesinn.

Hei fannt Dir weider Informatiounen an de ganze Programm vum Festival.

Back to Top
CIM LOGO