Legendäre Front-Sänger vun de Rolling StonesDe Mick Jagger feiert säin 80. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
Hien ass de gebuerene Frontmann, wat hien 1995 zu Lëtzebuerg bewisen huet. Legendär ass säin Danzstil, deen net dem Zoufall iwwerlooss ass, mä astudéiert.
De Mick Jagger um Concert zu Lëtzebuerg am August 1995.
De Mick Jagger um Concert zu Lëtzebuerg am August 1995.
© AFP/Archives/Eric CABANIS

De Frontmann Mick Jagger vun der legendärer Band “Rolling Stones” feiert e Mëttwoch seng 80 Joer. Säi ronne Gebuertsdag, eng Häerz-OP an och seng vill Falen am Gesiicht beandrocken hie wéineg, well op de Stones-Concerte rockt hien nach voller Energie d’Bün a säi jugendlechen Elan iwwerdréit sech och op de Rescht vun der Band.
De Mick Jagger seet selwer vu sech: “Ech schätzen, et ass mäin Job dofir ze suergen, datt sech d’Leit zwou Stonne laang gutt fillen. Ech mengen, dat ass meng Roll.” Déi Roll huet hien de 27. August 1995 och gutt erfëllt, wéi d’Rollling Stones zu Lëtzebuerg waren. Um Kierchbierg hu si op hirem Open Air Concert 60.000 Leit zum Danze bruecht.

Il y a 25 ans, les Rolling Stones enflammaient le Kirchberg
Ce fut le clou de “Luxembourg, capitale européenne de la culture 1995”, un événement impensable à l’époque: plus de 60.000 personnes réunies au Luxembourg.

Och no sechs Joerzéngten am Museksbusiness denkt de Rockmuseker net un d’Pensioun - de Contraire schéngt de Fall ze sinn. Aktuell schafft de Mick Jagger mat de Rolling Stones un engem neien Album, bei deem souguer de fréiere Beatles-Sänger Paul McCartney matspille soll. Zesumme mat de Rolling Stones war de Mick Jagger nach d’lescht Joer op Europa-Tour. Net méi mat derbäi war déi Kéier allerdéngs de Batteur Charlie Watts, deen 2021 am Alter vun 80 Joer verstuerwen ass.

Iwwert dem Mick Jagger seng Stëmm léisst sech streiden. Hie selwer sot an enger BBC-Doku, seng Stëmm wier ok, net déi bescht, ma si géif hiren Zweck erfëllen.

De Mick Jagger am Metropolitan Opera House zu New York am Juni 2023.
De Mick Jagger am Metropolitan Opera House zu New York am Juni 2023.
© AFP/Archives/KENA BETANCUR

“Sir” Mick Jagger däerf een hien nennen, well e gouf 2002 vun der Queen geadelt. De Mick Jagger bleift den Hunn am Kuerf. Nach ëmmer rappe sech d’Fraen ëm de Mick, deen zweemol bestuet war, Papp vun aacht Kanner ass, Bopi vu fënnef Enkelkanner an esouguer schonn Urgrousspapp. Et gëtt souguer iwwert eng Verlobung mat senger aktueller Frëndin, der 35 Joer aler Choreographin Melanie Hamrick, spekuléiert.

De Mick Jagger huet déi meeschte Lidder bei de Rolling Stones geschriwwen, dorënner Klassiker wéi “Paint it Black” oder “Angie”. Mat de Stones koume bis haut 25 Studioalben eraus. Hien ass och net just de Sänger a Frontmann, mee och de “Chef, Leader an Organisator” esou säi Bandkolleeg Ronnie Wood. 1970 hat den Jagger och déi finanziell Kontroll vun der Band iwwerholl. Och wann hie seng Uni net fäerdeg gemaach huet: Säi Studium an der “London School of Economics and Political Sciences” huet him genuch Wësse bruecht, fir sech gutt ze verkafen.

Den Jagger huet näischt dem Zoufall iwwerlooss. Esou huet hien och gehollef, déi aussergewéinlech Büne fir d’Concerten ze designen. An de Bandlogo hat hien an Optrag ginn. Ouni datt den Numm derbäi steet, erkennt jiddereen, datt et hei ëm d’Stones geet.

Nieft de Stones war den Jagger och solo aktiv, huet eng Rei Alben erausginn an huet mat anere Stare Musek produzéiert. Mam David Bowie huet hien den Duett ''Dancing in the Streets’’ opgeholl. Virun zwee Joer huet hie mam Dave Grohl vun de Foo Fighters den Titel Eazy Sleazy publizéiert.

Back to Top
CIM LOGO