
Den Takeoff war ee vun den 3 Memberen vu “Migos” an huet mam biergerlechen Numm Kirshnik Khari Ball geheescht. Hie soll den Medien no mat Kolleegen a sengem Monni a Member Quavo bei enger Halloween-Party op der Bowlingbunn “810 Billiards&Bowling” gewiescht sinn, wéi op eemol Schëss gefall sinn.
Wéi et heescht hätte béid Rapper an der Nuecht op en Dënschdeg mat Wierfele gespillt, wéi op eemol en Onbekannten eng Waff zitt an d’Affer erschoss huet. Fir hie koum all Hëllef ze spéit a gouf nach op der Plaz fir dout erkläert.
Der Police no goufen 2 weider Persounen op der Plaz ugeschoss a koumen an d’Spidol. Dem US-Rapper Quavo ass näischt geschitt.