Kultur-Serie op RTL - Deel 5De Moler Jean-Marie Biwer am RTL-Interview

Patricia Baum
Claudia Kollwelter
D’Pandemie-Joer 2020 war och fir de ganze Kultur-Secteur keen einfacht Joer. Sief et beim Film, Danz, Theater, der Literatur, Konscht oder Musek.

De Kultur-Secteur huet sech deels missen nei erfannen an déi nei Erausfuerderungen unhuelen. D’RTL-Kulturredaktioun huet sech mat 6 Vertrieder aus de verschiddene Sparten ënnerhalen.

Deel 5: De Moler Jean-Marie Biwer - de ganzen Interview

Ufank Mäerz hat de Lëtzebuerger Moler Jean-Marie Biwer eng grouss Eenzelausstellung am Mudam. Eng Ausstellung, déi net selbstverständlech ass am international renomméierte Musée. Iwwert d’Roll vum Kënschtler a firwat Theme wéi d’Flüchtlingskris oder de Covid a senger Konscht net relevant sinn, erzielt hien am Interview mam Patricia Baum.

Kultur-Serie op RTL - Deel 5 / Reportage Claudia Kollwelter

De Programm vun der Serie

Back to Top
CIM LOGO