Podpurri - Mir schwätze KulturDe Museker Jérôme Reuter

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Museker a Sänger vun der Band ROME.

2005 ass d’Band Rome gegrënnt ginn, an de 17 Joer hu si bis elo 17 Alben erausbruecht. Kapp a Sänger ass de Jérôme Reuter, aus deem sengem Virnumm och d’Band hiren Numm kritt huet.

Hire Stil am Neo-Folk lieft vun de ganz recherchéierten Texter, der akkustescher Gitarr an der däischterer Stëmm vum Frontman. Rome ass awer och eng Live-Band, déi vill uechter Europa tourt, ganz vill Ost-Europa an do huet de Jérôme Reuter och eng besonnesch Relatioun zu der Ukraine.

E Samschdeg den 10. Dezember geet déi aktuell Tour op en Enn mat engem leschte Concert 2022, deen “doheem” an der KUFA zu Esch ass a wou den Album “Hegemonikon” virgestallt gëtt.

De Jérôme Reuter ass de Kapp a Sänger vun der Band Rome, déi 2005 gegrënnt ginn ass an a 17 Joer 17 Alben erausbruecht huet.

Am Virfeld hat d’Christiane Kremer de Jérôme Reuter begéint, krut e Kaffi zerwéiert a vill erzielt iwwer déi éischt Gitarr an déi éischt Band, iwwert d’Faszinatioun fir de Leonard Cohen, iwwer d’Inspiratioun fir seng Geschichten, den Hin an Hier ronderëm de Bandnumm an den Engagement fir d’Mënschen an der Ukrain.

ROME: Lidder fir d’Ukrain
De Jérôme Reuter a seng Band hunn d’Thema Ukrain-Krich a véier neie Lidder opgegraff.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO