
Iwwer Joerzéngten huet de Leiji Matsumoto ganz Generatioune vu Kanner a jonken Erwuessene mat sengen Zeechnungen ënnerhalen a fir d’Welt vum Manga a vum Anime begeeschtert. A senger Karriär vu méi wie 60 Joer huet hien och deen een oder aneren internationale Präis gewonnen, dorënner den Uerde fir Konscht a Literatur vum franséische Kulturministère.
Dobäi huet de Leiji Matsumoto seng Karriär als talentéierten Zeechner, dee spéider zum Mangaka sollt ginn, scho fréi ugefaangen: Am Alter vu 7 Joer huet hien d’Atombommen op Hiroshima a Nagasaki matkritt. Mat 15 Joer huet hien a Japan säin éischten Zeecheconcours gewonnen. Hien huet wärend sengem Liewen u ville verschiddene Produktiounen deelgeholl. Dorënner “Space Battleship Yamato” an “Galaxy Express 999".
Am bekanntste war en awer fir seng Manga-Serie “Space Pirate Captain Harlock” oder kuerz: den Albator. D’Geschicht vum Weltraumpirat aus de 70er Joren ass wéinst dem enormen Erfolleg vum Manga an den 80er Joren zousätzlech animéiert an op der Tëlee ausgestraalt ginn.