
Hie war virun allem duerch d’Verkierperung vun der Komedie-Figur Pee-wee Herman bekannt ginn.
Den Doud vum Acteur gouf e Méindeg dann och iwwert den offiziellen Instagram-Account vum Pee-Wee Herman kommunizéiert.
De Paul Reubens war awer och a méi seriöe Rollen ze gesinn. Ënner anerem hat hien am Film “Blow” iwwert d’Liewe vum amerikanesche Kokain-Dealer George Jung un der Säit vum Johnny Depp matgespillt. Hei war hien als Coiffer an Drogendealer Derek Foreal ze gesinn.