
De René Hilbert huet sech ëmmer fir d’Sécherheet vun de Motorradsfuerer am Stroosseverkéier agesat. Hie war laang Jore President vun der Lëtzebuerger Moto-Initiativ LMI an och Member an der FEMA (Federation of European Motorcyclists Association).
Nieft dem Motorrad fuere war d’Fotografie eng vu senge Passiounen. Mat flotte Reportagen huet en d’Leit mat op d’Rees geholl a wonnerschéin Andréck mat eis all gedeelt, dat och am Kader vun de Reportagen “Ren on Tour” hei op RTL.lu.
Den 11. Oktober 2023 ass hien no engem uergen Accident am Iran ëm d’Liewe komm. Seng Liewenspartnerin Anne Bailleux gouf schwéier blesséiert, huet awer iwwerlieft.