"Starsky & Hutch"-StarDe Schauspiller David Soul ass dout

RTL Lëtzebuerg
Bekannt gouf hien ënnert anerem duerch d'Serie "Starsky & Hutch", déi tëscht 1975 an 1979 gedréint gouf.
© AFP

Hien hat an där Serie d’Roll vum Ken “Hutch” Hutchinson, nieft dem Michael Glaser, deen den Detektiv Dave Starsky gespillt huet.

© BERT REISFELD DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Hien ass och duerno der Schauspillerei trei bliwwen an huet an e sëllege Formater matgespillt. Ma och musikalesch war en aktiv an erfollegräich.

Säi leschten Optrëtt virun der Kamera hat en 2013 am Film “Drecksau”.

Den David Soul war 5 Mol bestuet an huet elo zu London mat senger Fra Helen Snell gelieft. En ass Papp vu 6 Kanner, 5 Filssen an eng Duechter.

Back to Top
CIM LOGO