
De britteschen Acteur an zweefachen Oscar-Gewënner sot an engem e Samschdeg diffuséierten Interview op BBC Radio, dass hien ëmmer nees gesot hätt, sech wëllen zeréckzezéien. Dat huet hien effektiv schonn, ma bis ewell koumen ëmmer nees iwwerzeegend Filmofferen.
elo soll et dann awer definitiv esouwäit sinn: “Ech hu mer geduecht, ech hat grad eng Haaptroll an engem Film, deen immens Kriticke krut. Wat soll ech lo maachen, fir dat z’iwwertreffen?”, sou de Caine. Et wier elo un der Zäit, dass jonk Männer a Fraen, déi besser ausgesinn, Haaptrollen iwwerhuelen.