
De MacGowan war eréischt viru kuerzem aus dem Spidol entlooss ginn an hat säi 5. Hochzäitsdag gefeiert. Hie louch 5 Méint am Spidol wéinst enger Bluttvergëftung. Ëmmer nees hat seng Fra, d’Journalistin Victoria Mary Clark, via d’sozial Medien d’Fans iwwert de Gesondheetszoustand vum MacGowan um Lafende gehalen.
Hie war scho laang gesondheetlech ugeschloen, dat virun allem wéinst Mëssbrauch vun Alkohol an aneren Drogen. Zanter engem Beckebroch am Joer 2015 souz en am Rollstull.
The Pogues war eng anglo-iresch Band bekannt fir Lidder ewéi “Fairytale of New York” oder nach “Dirty old town”.