
De legendäre Gittarist, deen och bei Velvet Revolver matwierkt, ass de Moment immens aktiv. Am Fréijoer dëst Joer goung et fir Slash feat. Myles Kennedy & The Conspirators op grouss US-Tour, ier mat Guns N’ Roses de Stadion-Summer a Festivallen um Programm stoung. An dat queesch duerch d’Welt.
Elo mécht de Slash nees eng Kéier mam Myles Kennedy an The Conspirators gemeinsam Saach. Fir d’véiert scho kann ee sech da live vun hirem Talent a Kënnen iwwerzeegen. Op der “The River Is Rising - Rest of the World Tour 2024" féiert hire Wee och bis op Esch an d’Rockhal. Mat am Gepäck hu si deen Album, deen an der Musekswelt an den héchsten Téin gelueft gouf - Album 4 - deen 2022 erauskoum.
D’Ticketen um Site vun der Rockhal sinn iwwregens schonn an der Vente, et heescht sech also bäimaachen.
Ma bei RTL gi mir Iech d’Geleeënheet, de Slash freides de 26. Abrëll 2024 live matzëerliewen. Bei eis kënnt Dir Är Tickete ganz einfach gewannen!
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert “Slash” an Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt Är Ticketen.
Vill Gléck!