Grousse CoupDe Steven Spielberg wäert fir Netflix produzéieren

RTL Lëtzebuerg
Dem Streamingdéngscht Netflix ass et gelongen, mam US-Regisseur an Oscar-Gewënner Steven Spielberg e ganz Groussen ze verflichten.
© AFP/Archives/Mark RALSTON

Dobäi ass oder war den Hollywood-Star u sech ëmmer e grousse Kritiker vu sou Streaming-Plattformen. Besonnesch nodeems den Drama “Roma” am Joer 2019 dräi Oscare gewonnen hat, war eng grouss Debatt ronderëm Filmer entstanen, déi net an de Kinoe gewise ginn. De Spielberg hat sech deemools kloer dogéint ausgeschwat. Elo huet hie seng Meenung dann anscheinend geännert an e Kontrakt mat Netflix ënnerschriwwen. All Joer wäert hien e puer Filmer fir d’Plattform produzéieren. De Spielberg selwer schwätzt vun “enger fantastescher Méiglechkeet, zesummen nei Geschichten ze erzielen an d’Spectateuren op neie Weeër ze erreechen”.

Ob de Spielberg bei de Filmer och Regie féiere wäert oder just als Produzent agéiert, ass nach net gesot ginn. Seng Produktiounsfirma Amblin Partners wäert awer och weider Contenue fir traditionell Filmstudioe wéi Universal oder 20 Century produzéieren.

Duerch de Coup, deen Netflix domat gelant huet, geroden d’Konkurrente wéi Disney+ an HBO Max nawell ënner Drock.

Back to Top
CIM LOGO