Am Kader vum LuxFilmFest 2024De Viggo Mortensen kënnt op Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Den internationale Filmstar kënnt dëst Joer am Kader vum LuxFilmFest op Lëtzebuerg.
© LISELOTTE SABROE Ritzau ScanpixAFP

E Samschdeg 9. Mäerz wäert hie vum Philippe Rouyer, dem President vum Syndicat Français de la critique de cinéma (SFCC) e Präis wier säi Wierk iwwerreecht kréien an et wäert en Hommage a Form vun engem Film iwwer de Viggo Mortensen gewise ginn.

De Mortensen wäert och säi leschte Film The Dead Don’t Hurt zesumme mat der Haaptactrice Vicky Krieps presentéieren. De Film wäert den 1. Mee 2024 an d’Lëtzebuerger Kinoe kommen.

D’Vicky Krieps sëtzt dëst Joer jo och an der internationaler Jury vum Lux Film Festival 2024, dat niewent dem franséische Schauspiller Arnaud Valois, dem US-amerikanesche Regisseur Ira Sachs, der franséischer Produzentin Marianne Slot, der franséischer Cineastin Nathalie Hertzberg an dem däitsche Schauspiller Sebastian Koch.

De Viggo Peter Mortensen, wéi hie mam ganzen Numm heescht, koum 1958 am Quartier Manhattan op d’Welt. Säi Papp koum aus Dänemark, seng Mamm aus dem Nordoste vun den USA, dohier d’Originne vu sengem Numm.

De Schauspiller ass weltwäit duerch seng Roll als Aragon an de Lord of the Rings-Filmer berüümt ginn an huet zënterhier an enger grousser Zuel u groussen Hollywood-Produktioune matgespillt. Fir d’Filmer “Eastern Promises” (2008), Captain Fantastic (2017) a Green Book (2019) gouf de Mortensen fir den Oscar als beschten Haaptacteur nominéiert. Ma och a Filmer wéi “A History of Violence” aus dem Joer 2005 oder ganz aktuell “Crimes of the Future” vum David Croneberg aus dem Joer 2022 huet hie matgewierkt, fir der nëmmen e puer ze nennen. Am Joer 2020 koum dann de Film “Falling” eraus, däin Debut als Regisseur an Dréibuch-Auteur.

Seng Karriär als Schauspiller huet de Mortensen schonn am Joer 1982 ugefaangen an dono seng Ausbildung als Theater-Schauspiller zu New York. Säin Debut als Schauspiller an engem Kinosfilm war am Joer 1985, eng kleng Roll am Film Witness. Seng Roll an der Lord of the Rings-Verfilmung awer war et, déi hien als Schauspiller onstierflech gemaach huet an engem grousse Public bekannt gouf.

Back to Top
CIM LOGO