Vum CAPE organiséiertDe Weekend ass nees den A'CAPElla-Festival

RTL Lëtzebuerg
A'CAPElla heescht e Museksfestival, bei deem alles sech ëm déi mënschlech Stëmm dréint.
De Weekend ass nees den A'CAPElla-Festival
A’CAPElla heescht e Museksfestival, bei deem alles sech ëm déi mënschlech Stëmm dréint.

Organiséiert gëtt dëse Festival vum Centre des arts pluriels CAPE vun Ettelbréck, an zwar all zwee Joer. Dës Kéier gouf et déi 5. Editioun.

Den Ausdrock “a Capella” bedeit Gesang ouni Museksinstrumenter. De Festival A’CAPElla leeft nach bis e Sonndeg den Owend. Véier Deeg just mënschlech Stëmmen. De Régis Thill war fir eis deen éischte Concert vun 12 an déi al Dikrecher Kierch lauschteren.

Beim Concert en Donneschdeg den Owend an der Laurentiuskierch stoung keng reliéis Musek am Vierdergrond, mee éischter eng nordesch Mythologie mat hire Fabelwiesen.

Déi sechs däitsch Sängerinne vum Grupp SJAELLA, wat op schwedesch sou vill heescht wéi “Séil”, fille sech an alle Museksjoerhonnerten doheem. Hir Stëmmen an den Texture Sopran, Mezzosopran an Alt meeschtere kapriziéis modern Sonoritéiten, wéi och barock Modulatiounen.

De Carl Adalsteinsson, Chef vum Ettelbrécker CAPE, war 2015 ee klenge Risiko agaange fir alles op de mënschlech Stëmm ze setzen. Den Erfolleg gëtt him awer Recht, wa beim Public eng Demande do ass.

De Programm fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO