Den 22. Juli 2023Dean Lewis trëtt um Echterlive-Festival op

RTL Lëtzebuerg
Nieft den däitsche Sänger Adel Tawil a Clueso wäert och de weltbekannten Australier Dean Lewis um Echterlive Festival 2023 optrieden.
© RTL Archiv

D’Fans vum Mann mat der emotionaler Stëmm dierfe sech freeën: Den Dean Lewis kënnt fir e Concert op Iechternach. Den australesche Singer-Songwriter steet den 22. Juli ëm 19 Auer virun der historescher Kuliss op der Bün. Den Adel Tawil trëtt den 20. Juli an de Clueso den 23. Juli ëm déi nämmlecht Zäit wéi den Dean Lewis op.

D'Schreiwes vum Trifolion Iechternach iwwert de Concert vum Dean Lewis am Juli 2023.

Back to Top
CIM LOGO