Les MisérablesDeen erfollegräichste Musical kënnt op Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Fir a seng 40 Joer eranzefeieren, geet Les Misérables a Form vun engem Arena-Spektakel op Welttournée a mécht och en Tëschestopp bei eis am Land.
"Les Misérables"
Fir a seng 40 Joer eranzefeieren, geet Les Misérables a Form vun engem Arena-Spektakel op Welttournée a mécht och en Tëschestopp bei eis am Land.

1985 hat de Musical deen éischten Optrëtt zu London an ass domat deen, deen aktuell am längste leeft. Iwwer 71 Millioune Leit hu Les Misérables bis elo an 53 Länner op 22 Sprooche gesinn. An Enn September gouf déi 15.000 Show an der brittescher Haaptstad gefeiert. Keng Dialogen, nëmme Gesang

De Musical spillt am 19. Joerhonnert a Frankräich a baséiert sech um Victor Hugo sengem Gesellschaftsroman. Les Misérables erzielt d’Geschicht vum Jean Valjean, deen no 19 Joer aus dem Prisong entlooss ginn ass an doropshin ënnertaucht. Hie packt et, sech eng nei Existenz opzebauen a këmmert sech ëm d’Duechter vun deem doudkranke Fantine. Allerdéngs gëtt et do nach ëmmer den Inspekter Javert, deen et no all deene Joren nach ëmmer op de Jean Valjean ofgesinn huet …

Cameron Mackintosh

Les Misérables ass eng Produktioun vum Cameron Mackintosh, deen net fir näischt als erfollegräichsten an aflossstäerksten Theaterproduzent bezeechent gëtt. Zu senge bekanntste Musicallen ziele Cats, Mary Poppins (an Zesummenaarbecht mat Disney), an och Das Phantom der Oper.

Dass Les Misérables och eng Kéier dozou ziele géing, hätt hie sech am Ufank net kënne virstellen, wéi hien eis am Interview zu London erzielt: “Wéi ech et déi éischte Kéier héieren hunn, duecht ech, dass et wonnerbar wier, mee e Musical iwwert en eescht Thema. Ech duecht, dass en héchstens zwee oder dräi Joer géing lafen, mee ech wosst einfach, dass et eppes ganz Spezielles wier, dat ech onbedéngt maache wollt”.

Les Misérables an der Rockhal

Fir an dee 40. Jubiläum eran ze feieren, geet Les Misérables nächst Joer op Welttournée. Am August wäert de Casting stattfannen, d’Opféierungen duerno a Groussbritannie starten a vun do aus duerch Europa an déi ganz Welt zéien. Vum 25. bis de 27. Oktober 2024 bréngt den Atelier se dann och op Lëtzebuerg.

Éier déi grouss Tour start, gëtt de Musical allerdéngs nach adaptéiert, well esou wéi en aktuell am Londoner West End ze gesinn ass, zitt en net ronderëm d’Welt. Et gëtt en Arena-Spektakel ausgeschafft, dat éischter engem Concert änelt. Dobäi leet een de Fokus virun allem op d’Musek.

Déi 65 Schauspiller an Orchestermuseker sti souzesoe permanent gläichzäiteg op der Bün. Et kann een also gespaant bleiwen, wéi d’Arena-Versioun hei am Land wäert ausgesinn, well och déi Leit, déi de Musical scho gesinn hunn, sollen hei op hir Käschte kommen.

Back to Top
CIM LOGO