Luxembourg Art WeekDéi 8. Editioun vum 11. bis den 13. November um Glacis

Patricia Baum
Zënter 2015 ass d'Luxembourg Art Week e feste Bestanddeel vun de grousse Konscht-Evenementer hei am Land.

D’Konschtfoire bréngt national an international Galerië mat hire Konschtwierker zesummen op eng Plaz. Ma och de Publikum ass mat de 15.000 Visiteure vun 2021 ganz diversifiéiert a geet vu Sammler bis Konschtfrënd.

Dëst Joer rassembléiert d’Luxembourg Art Week ganzer 80 Galerien, Kollektiven an Institutiounen an dat opgedeelt an 3 Sektiounen. An der sougenannter “Main Section” si virun allem international Galerië vertrueden. Am “Take Off”, déi vum Kulturministère ënnerstëtzt gëtt, geet et drëms, jonken opstriewende Galerien eng Plaz ze ginn an hei fënnt een dann och déi méi abordabel Präisser. Eng nei Sektioun ass dëst Joer entstanen an zwar de “Solo”. Hei gëtt ee Kënschtler oder eng Kënschtlerin vun enger Galerie an Evidenz gesat. 6 Solo Showe ginn et deemno dëst Joer op der Luxembourg Art Week.

Fir déi 8. Editioun hunn d’Organisateure sech awer och e puer nei Elementer afale gelooss. D’Zelt um Glacis kritt nämlech en neien Espace, dee just fir Diskussiounsronnen a Konferenze geduecht ass. D’Zesummestellung an d’Zeenographie vum Restaurant sinn dann och iwwerduecht ginn. Niewent den zwee Food Trucke spillt den Design och eng wichteg Roll fir den Amenagement vum Restaurant. D’Visiteure kënnen dann hei Iessen oder e Kaffi drénken an dat matten a monumentalen a faarwege Wierker vum Adrien Vescovi. n fir d’Atmosphär nach weider ze ënnersträichen, kann een d’Miwwelen an d’Objete vun der Berliner Mark “Argument” entdecken.

© Adrien Vescovi
© Argument

Och ausserhalb vun der Konschtfoire ass d’Konscht omnipresent. Ugefaange mat monumentale Skulpturen, déi am ëffentleche Raum wäerte stoen. Eng Iddi, déi de Galerist an Organisateur vun der Luxembourg Art Week Alex Reding fir déi zweete Kéier hannerteneen ëmsetze wollt. Domat ass d’Konscht am Alldag vu jidderengem a mécht gläichzäiteg eng Bréck zu der Foire. D’Skulptur “Phoenix” vum Stijn Ank an d’Wierk “Enclosure” vum Aline Bouvy wäerten dann am November am Kader vun der Luxembourg Art Week installéiert ginn.

© Stijn Ank
© Aline Bouvy

Am Allgemengen huet d’Foire e variéierte Programm, net just d’Aussteller, ma och Diskussiounen, Konferenzen an eng jett Kollaboratioune mat kulturellen Institutioune si geplangt.

Een interaktive Projet a Collaboratioun mam Casino ass déi sougenannte “Repräsentantin” vum Louisa Clement. D’Louisa Clement ass eng däitsch Kënschtlerin, déi eng Residenz am Casino huet. Hir Serie “Repräsentantinnen” besteet aus Poppen, d’"Real Dolls”. Dës Poppen hunn eng kënschtlech Intelligenz a si kënne kommunizéieren a léieren. Am Kontext vun der Foire kann d’Popp dann evoluéieren, an deem si vill Kontakt mat de Visiteuren huet. Wat si méi Kontakt ausgesat ass, wat si méi séier eng Perséinlechkeet kann entwéckelen.

© Louisa Clement

Vum 11. bis den 13. November kann een d’Konschtwierker an d’Galerien op méi wéi 5.000 Quadratmeter um Glacis entdecken. D’Organisateuren erwaarde sech dëst Joer iwwer 17.000 Visiteuren.

Mir waren am Virfeld bei de Preparatiounen dobäi an hunn eis informéiert, wéi si d’Vergi fir d’Galerien erauszesichen, déi mat ausstellen.

De ganze Programm mat den Evenementer fënnt een um Site vun der Luxembourg Art Week.

Luxembourg Art Week Preparatiounen
D’Konschtfoire um Glacis bréngt national an international Galerië mat hire Konschtwierker zesummen op eng Plaz.

Back to Top
CIM LOGO