Frankfurter BuchmesseDéi gréisst Bicherfoire vun der Welt huet hir Dieren opgemaach

Bea Kneip
Vum 7. bis den 11.Oktober steet d'Buch am Mëttelpunkt!
© RTL/Bea Kneip

Wien all Joers op Frankfurt kënnt, deen huet sech dëst Joer missten ëmgewinnen. Vill Stänn sinn net méi op der gewinnter Plaz ze fannen, d'Opdeelung vun den Hale gouf e bëssen duercherneegerëselt, mat der Iddi, fir se dem grousse Public méi accessibel ze maachen. Ob dee Plang opgeet, dat wäert sech de Weekend weisen, op deenen traditionell am beschte besichten Deeg vun der Buchmesse.

En neit Joer, en neit Gaaschtland, dëst Joer ass et Tschechien, dat mat 75 Schrëftsteller(inne) vertrueden ass. D'Heemechtsland vum Franz Kafka schéckt ënner anerem de Jaroslav Rudiš oder d'Radka Denemarková déi sech scho laang och international en Numm gemaach hunn. Fir hiren Optrëtt op der Buchmesse konzentréiert sech déi tschechesch Delegatioun awer net nëmmen op d'Literatur. Och aner Konschtforme wéi Film , Comic oder souguer Live-Molerei hunn hir Plaz.

© RTL/Bea Kneip

Den tschechesche Pavillon bitt de Visiteuren tëscht Liichttierm a gigantesche pneumatesche Strukturen eng gemittlech Plaz, fir duerch Bicher ze bliederen oder d'Evenementer op deene verschiddene Bünen ze verfollegen. Apropos Liichttuerm: Wie sech iwwer dat tschechescht Motto "A Country on the Coast" (Ein Land an der Küste) wonnert, huet duerchaus Recht domat. Tschechien läit guer net um Mier. De Slogan inspiréiert sech un enger Textzeil aus dem William Shakespeare sengem Theaterstéck "The Winter's Tale". Dat tschechescht Mier ass dann och éischter metaphoresch gemengt, e Mier vu Literatur.

© RTL/Bea Kneip

E Mier vu Bicher kann ee sech zu Frankfurt ëmmer erwaarden. Dorënner sinn och Bicher aus Lëtzebuerg, déi um Stand vu Kultur LX (Hal 3.0 ,Stand F98) ze fanne sinn. Bicher, déi och bei engem internationale Public op Interessi stoussen, wéi de Brian Bailey an de Michal Grabowski vu Kultur LX verroden. Dobäi wieren et souguer déi Bicher, déi op Lëtzebuergesch geschriwwe sinn, déi am beschten ukommen.

© RTL/Bea Kneip

D'Frankfurter Buchmesse ass vun e Freideg 11h00 un fir de grousse Public op, dat bis e Sonndeg nach mat.

Back to Top
CIM LOGO