Festival CinEast zu LëtzebuergDéi interessantste Filmer aus Mëttel- an Osteuropa

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Donneschdeg den Owend ass de CinEast Festival zeréck an de Lëtzebuerger Kinoen.

Et ass déi 15. Editioun vum Festival, deen dem Public all Joers eng grouss Selektioun vun deenen interessantste Filmer aus Mëttel- an Osteuropa bitt.

“Communities” - Dat ass d‘Haaptthema vum CinEast 2022. D‘Fotosausstellung an der Abtei Neimënster, presentéiert d‘Projete vu 5 Fotografen, déi dem Public Communautéiten an all hirer Diversitéit weisen. Och hir Manéieren, fir sech a Krisenzäiten nei ze erfannen.

De Fokus läit dëst Joer op Tschechien, ee Land mat enger räicher a villfälteger Filmgeschicht, déi een um CinEast Festival entdecken kann. Lancéiert gouf de Festival awer mat engem ukrainesche Film. “Luxembourg, Luxembourg“ ass een ergräifende, wéi och witzege Long-métrage vum ukrainesche Realisateur Antonio Lukich, deen zum Deel och hei am Land gedréint gouf. Et ass ee vu 6 ukrainesche Filmer, déi um CinEast Festival gewise ginn.

Ganzer 120 Projektiounen, dorënner 55 Long-Métragen a 40 Kuerzfilmer, ginn déi nächst zwou Wochen iwwer a Kinossäll uechter dat ganzt Land gewisen.

7 Filmer sinn dëst Joer an der Kompetitioun: 107 Mothers vum Peter Kerekes, Gentle vum Anna Eszter Némes an László Csuja, How Is Katia vum Christina Tynkevych, Moja Vesna vum Sara Kern, Occupation vum Michal Nohejl, Other People vum Aleksandra Terpińskaet an R.M.N. vum Cristian Mungiu.

Nieft deene ville Filmer an der Ausstellung „Communities“ huet de Festival awer och nach e sëllegen aner Evenementer ze bidden.

De Festival dauert bis den 23. November. Weider Informatiounen an dee komplette Programm vum CinEast fannt Dir ënner www.cineast.lu

Hei geet et bei d’Programmatioun:

Back to Top
CIM LOGO