Expositioun am NationalmuséeDem Kutter seng Gesiichter

Sandy Elsen
De Moler Joseph Kutter gëllt net just als bekanntste Lëtzebuerger Kënschtler vum 20. Joerhonnert, mee och als ee vun de wichtegsten Expressionisten vun der Tëschekrichszäit.
Expositioun am Nationalmusée
Dem Kutter seng Gesiichter

Déi mënschlech Figur, virun allem de Portrait, hat a sengem Wierk eng zentral Roll gespillt. Mee net just seng Konscht, och säi Personnage hat vill verschidde Facetten, déi aktuell am Nationalmuséeë um Fëschmaart am Mëttelpunkt vun enger neier Zort vu Retrospektiv stinn.

Mat ganzer 95 Molereien an Zeechnungen huet den Nationalmusée um Fëschmaart mat déi gréissten a wichtegste Sammlung vu Kutter-Wierker. All Grond, fir no en etleche monographeschen Ausstellungen eemol ee neie Bléck op d’Kollektioun, a virop op de Kënschtler Joseph Kutter a seng vill Gesiichter ze geheien. Sou gëtt ee Villes gewuer, wat ee virdrun villäicht nach net iwwert de Moler wousst. Sief et, dass säi Gebuertshaus just e puer Schrëtt vum Musée ewech läit oder, dass säi kubistescht Wunnhaus um Lampertsbierg (gebaut 1929/30) den Ament sanéiert gëtt.

Mat Archivdokumenter, Fotoen a raren Objeten, wéi der original Staffelei vum Joseph Kutter, vermëttelen d’Curatricen Lis Hausemer a Muriel Prieur dem Public, an enger reduzéierter, nohalteger Zeenographie, een Abléck an de perséinlechen Univers vum Moler. De Fokus ass awer natierlech op d’Portraiten vum Kutter geriicht – Wierker aus den 1910er bis an d'1930er Joren, déi een net just an de Kontext vu senger Zäit, mee och vu sengem Milieu gesat huet.

E weideren Aspekt, deen an der Ausstellung beliicht gëtt, ass dem Joseph Kutter seng besonnesch Moltechnik. Seng Biller gesinn immens spontan aus, tatsächlech awer hat de Moler sech fir d’Kreatioun vu senge Wierker ganz vill Zäit gelooss.

Nach bis den 1. September huet een Zäit fir dem Kutter seng vill Facetten a Gesiichter am Nationalmusée ze entdecken. D’Ausstellung gëtt vun engem spannende Kaderprogramm mat Evenementer an Aktivitéite begleet. Weider Informatioune fannt Dir um Site vum Nationalmusée.

Back to Top
CIM LOGO