Kandidat bei Generation ArtDem Pit Reding seng "Frisch"-Fotoausstellung

RTL Lëtzebuerg
An enger aler Hal zu Bouneweg, wou laang Zäit e Bus-Depot war, steet ee Weekend laang d'Fotografie am Mëttelpunkt.
"Frisch"-Fotoausstellung
An enger aler Hal zu Bouneweg, wou laang Zäit e Bus-Depot war, steet ee Weekend laang d’Fotografie am Mëttelpunkt.

De Pit Reding, selwer Fotograf a Kandidat aus der aktueller Staffel vun Generation Art, huet eng ganz Rëtsch zäitgenëssesch Fotografen zesummebruecht.

“Frisch” ass den Titel vun der Fotosausstellung, déi een dëse Weekend zu Bouneweg kann entdecken. Frisch, nom Proprietär vun de Lieuen. Fréier stounge jo am Depot Bussen, ma haut gesäit een eng frësch an nei Generatioun vun Fotografen.

Fir de Pit Reding, dee selwer Kandidat bei Generation Art war, war et eng flott Geleeënheet, vu sengen Kontakter ze profitéieren an Generation-Art-Kandidaten an aner jonk Fotografe mateneen ze vermëschen. Ma och Gaaschtjurore vun Generation Art si mat dobäi.

De Marc Wilwert war Gaaschtjuror bei der 3. a 4. Staffel vun Generation Art, hien ass begeeschtert vum Pit senger Initiativ. Déi verschidde Fotografe waren dann och ganz fräi an hirer Thematik, de Marc Wilwert bleift sengem Thema der Luucht trei. Hie weist Portraite vu Leit mat Sommersprossen. Fir hien ass dat den direkten Ofdrock vun der Sonn op d’Haut vun de Mënschen, e bëssen sou wéi an der Fotografie.

D’Lea Giordano ass och eng fréier Kandidatin vun Generation Art, si studéiert mëttlerweil Fotografie zu Amsterdam. Hiren “Super 8 Video” a Fotografien dréinen ëm en engagéiert Thema. Si setzt sech perséinlech fir de Klima-Aktivismus an, an hire Fotoen a Videoe wéist si d’Schéinheet vun der Natur.

D’Expo Frisch mat iwwert 20 Fotografe kann ee vun e Freideg u bis nächste Méindeg zu Bouneweg gesinn.

Dëse Samschdeg ass dann och déi grouss Finall vun der aktueller Staffel vun Generation Art, wéi gewinnt um 19 Auer.

Generation Art Foto Editioun am RTL Play

Back to Top
CIM LOGO