
Hie gëtt honoréiert an der Kategorie “Recording”. Seng Musek wier zäitlos an hätt vill Mënschen an allen Alterskategorië Freed gemaach. En plus wier eleng scho seng Liewensgeschicht erstaunlech. Esou beschreift eng vun de Responsabele beim Walk of Fame, d’Ana Martinez, dem Charlie Wilson säi Wee als Sans-abri nees zeréck an de Show business.
Viru senger Solokarriär huet de Wilson zesumme mat der Band The Gap iwwer 10 Joer laang mat grousse Büneshowen an enger Rei Hits wéi “Outstanding”, “Yearning for Your Love”, “Burn Rubber on Me” an “Early in the Morning” fir grouss Begeeschterung gesuergt. Seng Lidder gehéieren zu den am meeschte gesampelte Songs an der Branche.
An och als Solokënschtler huet den Charlie Wilson vill opweises, mat 13 Nummer-1-Singelen an den R&B-Charts, 13 Grammy-Nominatiounen a villen anere Präisser. Seng Memoiren “I Am Charlie Wilson” waren donieft als Bestseller vun der New York Times an der Washington Post bewäert. Hie gouf zweemol als “Billboard’s Top Adult Male R&B Artist” (2009 an 2020) ausgezeechent an ass aktuell “Billboard’s Top Adult R&B Male Artist” mat de meeschten Nummer-1-Hits vun allen Zäiten.
Am Dezember réischt koum seng neiste Single “Supermann” eraus, e ganz perséinlecht Lidd. Dëse Song géif seng Léift zu senger Fra erëmspigelen a wéi säi Liewe sech gedréint hätt. Als Leadsänger a Grënnungsmember vun The Gap wier hie berüümt ginn, ma hätt sech iergendwann op der Strooss erëmfonnt, ausgebrannt an drogenofhängeg. D’Schicksal hätt et anescht gewollt.
Hie koum an e Rehabilitatiounszenter, wou hien och seng haiteg Fra, eng Beroderin am Zentrum, kenne geléiert hätt. Si hätt hien zum “Superman” gemaach an him gehollef seng Dämonen ze bekämpfen. Lo hätt hie seng Drogesucht hannert sech an ass schonn 29 Joer bestuet. Och de Succès war séier nees zeréck. Antëscht huet hie mat Stare wéi dem Bruno Mars, Snoop Dogg, Pharell oder nach Justin Timberlake zesummegeschafft.
Um Dag vun der Zeremonie, den 29. Januar um 11.30 Auer Lokalzäit, ass och säin 71. Gebuertsdag. Dee schéinste Kaddo, de Stär um Walk of Fame, kritt hien deemno op där Strooss, op där hie laang Zäit gelieft huet.