Milli Vanilli, Boney M a Co.Den däitsche Museksproduzent Frank Farian ass dout

RTL Lëtzebuerg
Däitsche Medien no ass den erfollegräiche Museksproduzent am Alter vun 82 Joer gestuerwen.
© DB DOMINIK LAUX DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Wéi et heescht, soll d’Famill vum Frank Farian matgedeelt hunn, dass hien zu Miami an den USA gestuerwen ass.

De Frank Farian ass 1941 zu Saarbrécken op d’Welt komm a war zënter Mëtt de 70er als Produzent aktiv, dat virun allem am Beräich vun der Pop-Musek. Weltwäit bekannte Formatioune wéi Boney M. oder Milli Vanilli goufe vun him produzéiert, zum groussen Deel koum déi komplett musikalesch Aarbecht aus senger Fieder, also och d’Opname selwer. D’Bands koumen dacks eréischt spéider dobäi a goufe fir him seng Projete speziell gecast.

Ënnert anerem koum et jo zu engem risege Skandal, wéi am Joer 1990 erauskomm war, dass de Fab Morvan an de Rob Pilatus d’Lidder guer net selwer gesongen oder komponéiert hunn, ma alles säitens dem Frank Fabian produzéiert gouf. Milli Vanilli krut heivir jo souguer de Grammy oferkannt. Och bei Boney M. war dës änlech, déi männlech Stëmm bei alle Lidder vu Boney M. koum vum verstuerwene Farian selwer.

Back to Top
CIM LOGO